Programm

Dir fannt eise Wahlprogramm fir d'Stad hei drënner
oder dir kënnt en als PDF eroflueden!
▼ DOWNLOAD PDF ▼

Eis Stad wunnens- a liewenswäert gestalten

Wunnengspräisser déi klamme sinn fir déi, déi eng Wunneng hunn oder eng ierwen eng gutt Nouvelle, fir Mënschen déi awer eng Wunneng sichen sinn se e Problem. Dofir musse mir Léisunge fannen déi d‘Offer u Wunnengen erhéicht fir d‘Präisser ze stabiliséieren a gläichzäiteg Mënsche mat geréngem Akommes hëllefen fir en Daach iwwert dem Kapp ze fannen. Dëst geet an eisen Aen duerch eng méi grouss Offer u bezuelbare Wunnengen déi ee loune kann.

Nieft dem renge Wunnen wënsche mir eis awer och eng Stad déi liewenswäert ass, wou een net op d‘gréng Wiss muss fuere fir säi Brout ze kafen a wou Kanner nach kënnen am Quartier spillen während all aner Altersgruppen och eng Offer un Aktivitéiten hunn.

Eis Iddien fir eng wunnens- a liewenswäert Stad stinn symbolesch fir eng fair Stad wou keen hänke gelooss gëtt, mee wou awer och jidderee Verantwortung fir säi Liewen muss iwwerhuelen.

Eng städtesch Wunnengsbaugesellschaft grënnen

D‘Stad Lëtzebuerg soll méi Verantwortung fir Wunnengsbau an der Stad iwwerhuelen an dëst iwwert eng städtesch Gesellschaft déi sech ëm de Bau, Entretien an d‘verlounen vun städtesche Wunnenge këmmert. Dëst Wunnenge sollen ëmmer e Mix aus dräi Präiskategorien duerstellen fir eng Ghettoiséierung ze verhënneren. Als Beispill wéi esou Wunnengsbaugesellschaften fonctionnéiere kucke mir ënnert anerem op Wien wou dëse Modell zanter Joerzéngten e Succès ass.

20% vun eise Finanzreserven pro Joer fir Wunnengsbau investéieren

Eis Stad hat 2015 nach bal 500 Milliounen Euro u Reserven. Dës wëlle mir an Tranche fir de Wunnengsbau mobiliséieren. Grad an Zäite wou et der ëffentlecher Hand finanziell gutt geet, sollt d‘Stad och verstäerkt an d‘Zukunft investéieren. Virun allem well dës Suen, wann een se an verlounbar Wunnengen investéiert iwwert d‘Joren net verluer mee gutt ugeluecht sinn. Souwuel sozial wéi och finanziell gesinn.

Eis kommunal Baulandreserven mat lokative Sozialwunnenge bebauen

Do wou eis Stad nach eege Baulandreserven huet, sollte mir dem lokative Sozialwunnengsbau de Virrang ginn. Esou kënnen dës Reserve valoriséiert ginn an eis Stad géif mat guddem Beispill virgoen. Well Fuerderungen no méi Steiere fir Baulücken sollten eréischt ëmgesat ginn wann d‘Stad selwer hir Baulücken bebaut huet.

De minimalen „taux d‘habitation“ eropsetzen

Am Kader vu PAPen kann d‘Stad e minimalen Taux festschreiwen deen bewunnbar muss sinn. Mir schwätzen eis dofir aus deen bei neie Quartieren d‘office op minimum 50% festzeschreiwen a bei bestoende Quartieren bei Ännerunge vun de PAPen dësen och Schrëttweis z‘erhéijen sou wäit dat am legale Kader méiglech ass.

D‘Porte de Hollerich mat ëffentleche Gelder ëmsetzen

Zesumme mat den eegene Reserven an enger Investitioun zum Beispill vum Pensiounsfong, kéint déi nei städtesch Wunnengsbaugesellschaft de Projet „Porte de Hollerich“ mat ëffentleche Gelder ëmsetzen. Dëse Projet versprécht mindestens 500.000 Quadratmeter Bruttowunnfläch. Wat ëm déi 5.000 Wunnengen entsprécht. Dëse Projet géif de Wunnengsmaart immens entlaaschten. Gläichzäiteg kéint een duerch en ëffentleche Projet garantéieren datt all Bierger op seng Käschte kënnt an datt genuch an douce Mobilitéit an a Gréngflächen investéiert gëtt.

En ëffentleche Baulückekataster

Fir et Bauhäre méi einfach ze maachen fir Terrainen ze fannen déi nach kënne bebaut ginn, proposéier mir en ëffentleche Baulückekataster deen an 3 Faarwen uweist a wéi engem Stadium sech eng Parzelle befënnt. Gréng fir Terraine déi am PAG sinn a wou keng Demande fir eng Autorisatioun virläit, Orange fir Terraine déi bebaubar sinn, wou awer well e Projet agereecht gouf a rout fir Terrainen, wou entweder schonns gebaut gëtt oder déi net am PAG leien. Iwwert dëse Kataster sollen potenziell Bauhären och direkt d‘Besëtzverhältnisser kënnen ufroen, genee esou wéi beim nationale Kataster.

Eng ëffentlech Lëscht vun alle Wunnengen ouni ugemellte Wunnsëtz

Aktuell ass et onméiglech fir ze soen a wéi enger Wunneng entgéint PAG oder PAP Bureauen entstane sinn an et ass och fir een deen net am Service schafft onméiglech Mëssverhalen ze denoncéieren. Dofir fuerdere mir, datt all Wunneng déi laut PAG oder PAP net dierft als Bureau genotzt ginn a wou keen Wunnsëtz ugemellt ass verëffentlecht gëtt fir esou souwuel Wunnengen ze gesinn déi eventuell kéinte gelount ginn, a gläichzäiteg ze kontrolléieren wéi eng Wunnengen en aneren Zweck wéi geplangt hunn.

All Quartier soll säi Shared Space kréien

Liewen an engem Quartier fonctionnéiert doriwwer datt een sech treffe kann, datt een zesummen eppes ënnerhuele kann an datt een och einfach dohinner kënnt. Dofir fuerdere mir datt all Quartier eng zentral Plaz kritt wou probéiert gëtt souwuel städtesch Servicer z‘offréieren wéi och Aktivitéiten fir Awunner z‘erméiglechen. Mir proposéieren dës als sougenannte „Shared Space“ ëmzesetzen sou datt se zougänglech ass, mee wou kloer ass datt net nëmmen Autoe Virfaart hunn.

Noversuergung fir jidderee garantéieren

A Quartieren wou d‘Noversuergung iwwert de private Marché net präsent ass, soll d‘Stad an eegene Gebaier avantagéis Büroen a Surfacen zur Verfügung stellen fir souwuel déi medezinesch Versuergung wéi och d‘Méiglechkeeten fir anzekafen z‘erméiglechen.

Lokal Aarbechtsplazen fir Awunner schafen

Fir souwuel de Verkéier ze reduzéieren, wéi och d‘Liewensqualitéit an de Quartieren ze verbesseren an Aarbechtsplazen ze schafen fuerdere mir datt iwwert d‘Outile‘ vu PAG a PAP an all Quartier och lokal Aarbechtsplazen ugesidelt ginn. Do wou d‘Gemeng eege Gebaier baut oder huet ass z‘evaluéieren wéi wäit een de Rez-de-chaussée fir esou Projeten kéint zur Verfügung stellen.

E bessere Mix tëscht wunnen a schaffen

Fofzeg Joer laang gouf den Accent an de meeschte Quartieren op ëmmer méi Aarbechtsplazen wéi Wunnenge geluecht. Och um Ban de Gasperich gesäit een dës Fehlplangung erëm an Aktioun. D‘Pirate fuerderen fir bei all Quartier an Zukunft op e bessere Mix tëscht wunnen a schaffen opzepassen an esou e méi groussen Accent op Wunnengsbau ze leeën. D‘Zäite vum Le Corbusier a senger reng funktioneller Stad ass eriwwer.

Eng Metropolregioun Lëtzebuerg schafen

Nom Virbild vun engem däitsche „Stadtverband“ proposéiere mir datt d‘Stad Lëtzebuerg mat de Gemengen ronderëm eng Metropolregioun grënnt déi als Zil huet fir Verkéiers- a Bautepolitik besser openeen ofzestëmmen an esou virun allem déi douce Mobilitéit fërdere kann.

Richteg Vëlosweeër an net nëmme Strécher

Amplaz op bal all Strooss nëmme Strécher opzemolen an dës Deeler als Vëloswee ze klasséieren fuerdere mir richteg Vëlosweeër an der ganzer Stad. Dozou gehéiert datt mindestens all Vëloswee baulech vun der Strooss wou Autoe fuere getrennt ass (ausser a zone résidentielles a piétonnes). Dëst kann an enger éischter Phase duerch Pylone areecht ginn, sollt awer mëttel- a laangfristeg duerch méi permanent Strukturen déi sech och besser an d‘Stadbild afügen ersat ginn.

All Quartier soll e sougenannte Fusswegeplan kréien

Fir et den Awunner an de Quartieren méi einfach ze maachen fir sech zu Fouss an de Quartieren an tëscht de Quartieren ze beweegen soll fir all Quartier e „Fusswegeplan“ opgestallt ginn deen während senger Opstellung och eventuell Problemer a feelend Verbindung opweise soll. Ausserdeem fuerdere mir e Plang fir d‘Verbindungen tëscht de Quartieren och zu Fouss z‘erméiglechen mat engem städtesche „Fusswegeplan“.

Wunnquartieren géint Duerchgangsverkéier sécheren

Am Ausland ass et well üblech, datt all Wunnquartier baulech géint Duerchgangsverkéier geschützt ass. Meeschtens sinn dëst automatesch Bornen déi een nëmmen als Awunner oder fräigeschalte Fournisseur oder Visiteur opkritt. Mir proposéieren dëst op all Wunnquartier z‘applizéieren ausser déi, wou eng Staatsstrooss duerch geet, well do de Staat d‘Soen huet.

Dës Mesure géif zu enger staarker Verkéiersberouegung an de Quartieren féieren a gläichzäiteg d‘Parksituatioun och verbesseren. Ausserdeem kéinte Kanner a Jugendlecher nach méi sécher d‘Strooss erëm fir Fräizäitaktivitéiten notzen.

Camionnettsparkingen schafen

Fir ze verhënneren, datt grad iwwert Weekend oder iwwert d‘Nuecht Camionnette vun Entrepreneuren de parking résidentielle besetzen proposéiere mir eegen Camionnettsparkingen un de Borde vun der Gemeng ze schafen, sou datt Entrepreneuren hir Camionnetten no beim Client kenne stoe loossen an awer keng Parkplazen an de Wunnquartiere besetzen.

Dës Parkinge kënnen ähnlech wéi z.B. zu Esch fonctionnéieren.

De Boulevard Royale autofräi gestalten

Mir wëllen e Plang opstellen wéi de Boulevard Royal innerhalb vun 10 Joer autofräi ka ginn. Duerch den Tram wäerte souwisou vill Spueren um Royal ewech falen an d‘Foussgängerzon ass elo well geplangt fir bis op de Boulevard Royal ze goen. Mir denken dëse Projet zu Enn a fuerderen de Stadkär autofräi ze gestalten.

Dëse Projet sollt een am Kontext vum Succès vun z.B. Bréissel an hirem Boulevard Anspach deen zanter 2015 autofräi ass. Laangfristeg kéint een dëst bis op d‘Gare ausbauen.

E Liwwerdéngscht fir Kommissiounen

Fir d‘Geschäfter an der Stad net duerch manner Autoen ze belaaschte fuerdere mir d‘Aféierung vun engem Liwwerdéngscht deen fir 5 € pro Dag pro Client bis zu 30 Kilo Akeef asammelt an den Dag selwer oder den Dag drop dem Client heem liwwert. Dëst entsprécht ca 2 Stonne Parking an der Stad a géif d‘Akafen an der Stad nach méi komfortabel maachen.

Reduktioun vu Parkplazen pro Unitéit a PAPen

Fir d‘Käschte beim Wunnengsbau ze reduzéiere, fuerdere mir datt beim Bauen vun neie Quartieren d‘Unzuel vu Parkplazen déi een pro Wunneng bauen muss reduzéiert gëtt.

Parkplaze fir Fleegedéngschter schafen

Ëmmer méi Persounen wëllen ëmmer méi laang an den eegene véier Wänn liewen. Dëst bréngt mat sech, datt ëmmer méi Besoine fir Fleegedéngschter optrieden. Fir dësen Déngschter et méi einfach ze maachen fir hire Service z‘offréieren an esou d‘Liewensqualitéit vu Senioren an eiser Stad ze verbesseren, fuerdere mir, datt nieft Behënnerteparkplazen an Zukunft och an all Quartier Parkplaze fir Fleegedéngschter agefouert ginn.

TEMPO 30 ronderëm all Schoul a Maison Relais

Ronderëm all Schoul a Maison Relais sollt een während de Schoulzäiten d‘maximal Vitesse vun Autoen op 30 km/h reduzéieren an dëst duerch baulech Methoden och enforcéieren. Dëst dréit zur Sécherheet vun alle Kanner bäi a kann duerch variabel Panneauen och je no Dageszäit ugewise ginn.

Kutschen- a Vëlosparking a PAPe virgesinn

Wann e PAP Résidence virgesäit sollt en bei dëse Résidencen och ëmmer virschreiwen, datt e Kutschen- a Vëlosparking um Rez-de-chaussée muss mat ageplangt an ëmgesat ginn fir esou souwuel jonke Familljen wéi och Vëlosfuerer z‘ënnerstëtzen.

Stroosseluuchten als Chargeur fir Elektroautoen ëmrëschten

Fir d‘Elektromobilitéit ze fërderen, fuerdere mir datt an all Quartier 1 vu 5 Stroosseluuchten zu engem Chargeur fir Elektroautoen ëmgebaut gëtt. Dëst géif et méi einfach maachen fir säin Auto och dann ze lueden wann ee selwer keng Stellplaz mat Stroum huet oder awer op Besuch ass.

Vëlo a Bus méi kompatibel maachen

Städtesch Busser sinn heefeg esou voll, datt een säin Vëlo net kann am Bus mathuelen, fir dëse Problem z‘ëmgoe proposéiere mir datt Busser eng Halterung hannen oder vir um Bus kréien fir 2-3 Vëloen matzehuelen. Dëst géif méi Leit encouragéieren Vëlo a Bus ze kombinéieren an esou eventuell den Auto doheem stoen ze loossen.

Ticketlose Bus

Den AVL gëtt zu iwwer 90% vun der Allgemengheet finanzéiert an d‘Ticketen déi verkaf ginn bréngen manner eran wéi et pro Joer kascht fir Kontrollen ze maachen. Dofir fuerdere mir datt d‘Busser (an d‘Tram) am städtesche System an Zukunft ouni Ticketen fonctionnéieren an esou jiddereen de Bus méi einfach notze kann. Finanzéiere wëlle mir dës duerch en unhiewen vun der Taxe de séjour souwéi duerch Aspuerungen an der Bezuelinfrastruktur vun den AVL.

Méi Kannerbetreiung duerch d‘Gemeng

Bei Familljen wou déi zwee Eltere schaffen ass heefeg e Problem fir d‘Kanner de ganzen Dag ze beschäftegen. Mir brauchen dofir méi Infrastrukturen fir Maisons Relais a fuerderen och datt an deem Kader eng kommunal Hausaufgabenhëllef opgebaut gëtt.

Wunnquartieren zu Shared Spaces embauen

Fir Wunnquartieren nach besser vun Duerchgangsstroossen ze trennen proposéiere mir fir Trottoiren no an no an de Quartieren ofzeschafen an aus de Quartieren richteg „Shared Spaces“ maachen wou sech all Notzer d‘Surface deelen. Dëst géif net nëmmen optesch eis Quartieren opwäerten mee och d‘Vëlofueren, mat der Kutsch spadséiere goen an aner Aktivitéiten vereinfachen.

Parking digital bezuelen

An de Quartiere kann een heefeg de Parking just nach mat Mënz bezuelen oder awer et huet een e Call2Park Ziedel ausgedréckt an an d‘Fënster gepecht. Mir fuerderen, datt een op all Parkplaz an Zukunft zu all Zäit digital bezuele kann. Dëst kann z.B. duerch en Umelle mat Kreditkartennummer oder Kont an enger App, engem Site oder ähnlech geléist ginn, wou een just nach Secteur a Plackennummer muss per SMS verschécken. D‘Kontrolleren missten dann just d‘Plackennummer am System kontrolléieren amplaz no engem Ticket ze sichen.

Och a Parkhaiser muss garantéiert sinn datt all Bezuelmethoden ëmmer zur Verfügung stinn, well net jiddereen huet ëmmer Mënz oder 5 Euro-Schäiner derbäi.

Méi Hauscollecte amplaz vu Containeren

Heefeg ass de Respekt fir d‘Ëmwelt ronderëm Containere fir Glas a Pabeier am Geréngsten. Dofir setze mir eis dofir an datt a méi Quartieren d‘Collecte direkt doheem gemaach gëtt amplaz datt een bei de Container fuere muss. Dëst gekoppelt mat intelligente Poubellen déi eng Collecte nëmmen ausléisen wann se och néideg ass kéint souwuel zur Ästhetik vun de Quartieren bäidroen wéi och d‘Liewen fir vill Stéit méi einfach maachen.

Ënnerierdesch Containeren aféieren

Do wou Hauscollecte net duer geet respektiv wou dës net kuerzfristeg kann ëmgesat ginn fuerdert d‘Piratepartei fir ënnerierdesch Containeren amplaz vun den aktuelle Containeren anzeféieren. Dëst géif och en Deel vun de Problemer léisen a wier eng kuerz- a mëttelfristeg Léisung bis een flächendeckend d‘Collecte duerch „smart“ Poubelle kéint emsetzen.

Méi Sécherheet duerch méi Präsenz

Amplaz op onnëtz Kameraiwwerwaachung ze setzen déi amplaz Kriminalitéit ze bekämpfen dës just an d‘Wunnquartiere verlagert huet, fuerdere mir datt d‘Stad Lëtzebuerg verstäerkt Präsenz vun der Police an am Zweiwel vun eegenen Agent Municipaux setzt fir Kriminalitéit an Uerdnungsdelikter an de Grëff ze kréien.

VISUPOL ofschafen

Fir d‘Piratepartei huet d‘Kameraiwwerwaachung hiren Zweck verfeelt an dernieft d‘Liewen an de Wunnquartiere zousätzlech belaascht doduerch, datt d‘Kriminalitéit vum Stadkär an d‘Quartiere verlagert gouf. Dësen Trend muss gestoppt ginn fir eis Quartieren wunnenswäert ze erhalen.

Eis Stad fit fir d’Zukunft maachen

Eis Stad huet iwwer 1.000 Joer Geschicht an huet ëmmer erëm gewosst sech nei z‘erfannen. Vun enger klenger Buerg um Bockfiels ass eis Stad haut zu engem europäesche „Powerhouse“ ginn mat engem risege Finanzsecteur an europäeschen Institutiounen direkt nieft Wunnquartieren an engem historesche Stadkär.

Trotz dësem Wandel ass eise Constat, datt d‘Stad déi läscht Joren de Wandel fir sech fit fir d‘Zukunft ze maachen verpasst huet. Dofir ass et Zäit fir nei Iddien an en neie Wand fir d‘Stad erëm fit fir d‘Zukunft ze maachen.

Den Exodus vu klenge Geschäfter ophalen

Iwwert déi läscht Méint hunn ëmmer méi kleng, lokal, Geschäfter de Schlëssel ënnert den Teppech misste leeën. Fir dëst an Zukunft ze verhënnere, fuerdere mir, datt d‘Stad Lëtzebuerg bei fräihännege Marchéen (ënnert 60.000 EUR) als éischt op lokal Fournisseuren zeréckgräift fir esou de lokalen Handel z‘ënnerstëtzen.

Des Weidere proposéiere mir eng Loyersbrems fir Geschäfter beim Verhandele vun engem neie Bail ze protegéieren. Dës Brems soll pro Zon un engem „Mietspiegel“ ugepasst sinn an ni méi wéi 5% pro Hausse erlaben. An dësem Kader ass eng Interventioun op nationalem Plang néideg fir de passende legale Kader ze schafen.

Nohalteg Investitioune fir de Budget am Equiliber ze halen

Fir de Budget och an Zukunft am Equiliber ze halen fuerdere mir, datt d‘Stad verstäerkt nohalteg Investitiounen mat hire Reserven mécht. Dës Investitioune sollen an nohalteg Energieproduktioun, bezuelbare Wunnraum an Offeren un Aktivitéite fir d‘Zesummeliewen ze fërderen getätegt ginn.

De Jugendplang ausschöpfen

Aktuell notzt d‘Stad d‘Suen déi de Staat am Kader vum Jugendplang géif zur Verfügung stellen net ganz aus. Mir setzen eis dofir an datt nach weider Projete fir Jugendlecher ëmgesat ginn fir dës Suen vum Staat auszeschöpfen an eise Jugendlechen nach méi Aktivitéiten offréieren ze kënnen.

EU-Gelder fir innovativ Projete mobiliséieren

Am Kader vun FSE, Horizon 2020, AMIF, a wéi d‘EU-Dëppen alleguerten heeschen stinn all Joer Milliounen un EU-Gelder zur Verfügung mat deenen d‘Stad Lëtzebuerg d‘Zesummeliewe an d‘Liewensqualitéit verbessere kéint. Mir setzen eis dofir an, datt e Posten vun engem EU-Programm-Koordinator créeiert gëtt fir dës Fongen beschtméiglechst ze notzen.

Staatlech Subside fir de Wunnengsbau notzen

Wéi beim Jugendplang, hëlleft d‘national Regierung de Gemengen och fir Wunnengsbau-Projeten ëmzesetzen. Mee och hei notzt d‘Stad nach net all Hëllefen aus. Dofir wëlle mir méi aggressiv Ziler fir de kommunale Wunnengsbau formuléiere fir esou och hei de Maximum fir eis Stater Bierger eraus ze huelen.

Fërderung vu Energiekooperativen

D‘Stad Lëtzebuerg soll de Wiessel vu fossil op erneierbar Energien aktiv mat gestalten. Dofir proposéiere mir, datt d‘Stad Lëtzebuerg lokalen Energiekooperativen Surfacen op ëffentleche Gebaier (géint eng Participatioun an der Gesellschaft) zur Verfügung stellt an dës duerch Informatiounsveranstaltungen a Formatiounen ënnerstëtzt. Esou kann d‘Stad net nëmmen eppes géint de Klimawandel maachen, mee och nach lokal Gruppen ënnerstëtzen an nohalteg Investitiounen fir d‘Zukunft vun der Stad maachen.

Nowäermenetzer an neie Quartieren

Wann nei Quartiere geplangt ginn, fuerdere mir fir vu vir eran Nowäermenetzer virzegesinn. Esou kann engersäits Plaz, mee och Energie gespuert ginn an d‘Energiegewannung ass méi effizient wéi wa jiddereen säin eegene Boiler huet. Natierlech sollen dës Netzer souwäit et geet op erneierbaren Energien opbauen.

Neie Quartier = Netto-Null-Energie

Bei neie Quartieren sollt een och alles ënnerhuelen fir dës als Netto-Null-Energie Quartieren ze plangen. Dëst bedeit datt een lokal an dezentral Energieversuergung mindestens sou wichteg gesäit wéi eng gutt Isoléierung.

CleanTech-Jobs ulackelen

Duerch ambitiéis ëffentlech an d‘Ënnerstëtzung vun innovative private Projeten soll d‘Stad Lëtzebuerg sougenannte „CleanTech“-Jobs ulackelen. Dëst geet vu Beroder fir Solarenergie bis hin zu Installateuren a Fuerschungsariichtungen. Grad mam Plënnere vun der Uni op Belval wier et interessant um Stater Territoire nei Fuerscher kënnen unzelackelen.

Smart (local) Grids an d‘Realitéit emsetzen

Haut sinn eis Infrastrukturen nach gréisstendeels „domm“. Mir wësse wéineg doriwwer wou eng Waasserfuite ass éiert et ze spéit ass, genee dat selwecht bei Gas, Ofwaasser a Stroum. Mir kënnen awer nëmmen gutt dezentral Energie produzéieren, wann eis Réseauen och entspriechend Sensoren hunn. Dofir fuerderen d‘Piraten fir no an no déi verschidde Réseauen vun der Stad duerch „intelligent“ Réseauen z‘ersetzen.

De Verbrauch vun ëffentleche Gebaier progressiv reduzéieren

Mir fuerderen datt fir all Gebai an ëffentlecher Hand eng sougenannten „comptabilité énergétique“ opgestallt gëtt an doduerch kloer ersiichtlech gëtt, wéi vill Energie e Gebai pro Period verbraucht. Dëse Verbrauch soll dann iwwert déi nächst Joren duerch Sanéierung, Renovéierung an Neibau progressiv reduzéiert ginn.

Lokaler fir Social Entrepreneurschip virgesinn

Fir eng aner Ekonomie z‘erméiglechen soll d‘Stad net nëmmen „normale“ Startups Raimlechkeeten zur Verfügung stellen, mee ebe grad sozial Entrepreneuren bei hire Projeten ënnerstëtzen. Dëst kann am Kader vu bestoende Projete geschéien, wichteg ass just, datt eng Mindestquot fir sozial Entrepreneuren reservéiert gëtt.

Co-Working Spaces bei städtesche Projeten

Do wou d‘Stad Lëtzebuerg selwer als Bauhär optrëtt, respektiv déi nei städtesch Wunnengsbaugesellschaft, sollt een fir all 10 Wunnengen eng Aarbechtsstatioun an engem Co-Working Space virgesinn. Esou verhënnert een, datt Wunnengen zu Bureauen emgewandelt ginn a gläichzäiteg erméiglecht een och fräie Beruffer awer och z.B. Schoulmeeschteren an engem Bureausemfeld ze schaffen wann et néideg ass.

E One-Stop-Shop fir Entrepreneure schafen

D‘Gemeng soll zesumme mat Chambre de Commerce, Chambre des Métiers, Staat a para-staatleche Projeten zesummen e Guichet schaafen deen all Servicer fir en neien Entrepreneur an der Stad zesumme bréngt. Dëst fir et méi Leit z‘erlaben ouni Problemer hir Iddien an der Stad ëmzesetzen.

Kongresser an d‘Stad lackelen

D‘Stad als groussen Aktionär vun der LuxExpo huet en Interêt drun fir weider Kongresser a Foiren an d‘Stad ze lackelen. Hei soll d‘Stad roueg op internationale Foiren gemeinsam Stänn organiséieren fir d‘Stad als optimale Standuert fir „Meetings, Incentives, Conferences and Events“ duerzestellen. Dës Strategie sollt natierlech net mat der nationaler Kommunikatiounsstrategie an deem Beräich kollidéieren.

Eenzel Schoulen sollen de „plan de développement“ notzen fir besser Integratioun

Keng Schoul an der Stad ass d‘selwescht, all Schoul huet hir spezifesch Problemer mee och Avantagen an dofir soll och all Schoul hire plan de développement notzen fir eng besser Integratioun vun alle Kanner an hirem Quartier ze fërderen.

Kanner an d‘Betriber

Mir sinn der Meenung, datt Kanner fréi schonns solle gesinn wou Produiten hierkommen a wéi eis Wirtschaft fonctionnéiert. Dëst fir datt se verstinn datt hannert all Produit a Service Aarbecht stécht an datt näischt vun näischt kënnt. Dofir fuerdere mir datt Besich a lokale Betriber an de Curriculum vun all Schoul gehéieren.

All Kand soll Entdecker an Erfanner kënne sinn

Fir datt Kanner kënnen erausfannen wat hinnen am beschte läit a virun allem och eemol kënne Kand sinn, fuerdert d‘Piratepartei, datt all Kand am Fondamentale iwwert seng Carrière eemol soll an eng „Classe Verte“ goen an eemol an e „Makerspace“ fir esou d‘Emwelt z‘entdecken an ze gesinn datt jiddereen Talenter huet.

Quartiersgestaltung och an de Schoulen

D‘Schoule sinn eng wichteg Plaz fir mat de Kanner ze diskutéieren wat fir si am Quartier klappt a wat feelt. Dofir fuerdere mir datt eemol d‘Joer an de Schoulen iwwert d‘Quartiersgestaltung diskutéiert gëtt an dës Resultater och dem Gemengerot bei enger Visite presentéiert ginn.

Méi Hëllefen fir Obdachloser

Déi beschte Léisung fir manner Strummerten op der Strooss ze hunn, ass hinne besser ze hëllefen. Dozou gehéiert eng besser Ofstëmmung a Koordinatioun tëscht den eenzele Servicer, sou datt een net am Wanter muss awer 3 Stonnen tëscht zwou Hëllefen am Kale verbréngen, e Service deen Obdachloser während 3 Méint ouni Opwand eng temporär Adresse erméiglecht, bis datt d‘Ministèren hir Prozeduren duerch hunn an hinnen esou Krankekeess, Chômage a weider Hëllefen net verspäert bleiwen.

Eis d‘Stad zeréckzehuelen

Et ass eis Stad an et soll eis Stad bleiwen. All Bierger vun der Stad soll se kënne matgestalten a matentscheede kënnen. D‘Piraten goufe gegrënnt fir méi Biergerbedeelegung a méi Transparenz z‘erméiglechen a genee dat wëlle mir elo och an d‘Stad bréngen!

E Biergerhaushalt vun 5% vum Extraordinär

Fir datt Bierger wierklech matschwätze kënnen, mussen hir Proposen och e Budget hunn. Dofir fuerdere mir, datt all Joer 5% vum Extraordinäre Budget fir e Biergerhaushalt zur Verfügung gestallt gëtt an esou jiddereen iwwer digital Outil‘en a Versammlungen an de Quartieren kann matentscheeden wéi dës Suen sollen agesat ginn.

Biergerbedeelegung ab 2,5 Milliounen am Extraordinäre

Bei gréissere Projeten (iwwer 2,5 Milliounen) solle Bierger kënne mat diskutéieren an hir Proposen am Kader vun dëse Projeten abréngen. Dofir kéint een sech 2 Plenière pro Joer virstellen wou esou Projeten mat allen interesséierte Bierger diskutéiert kéinte ginn.

E Budgetsposten fir d’Biergerparticipatioun schafen

Participatioun muss och finanziell erméiglecht ginn, dofir fuerdere mir datt am Ordinär e Posten geschaaft gëtt, deen explizit fir Aktiounen am Kader vun der Participatioun virgesinn ass. Egal ob dëst Iwwersetzungen, Evenementer oder Broschüre sinn, d‘Käschte vun der Participatioun sollen net an eenzele klenge Budgete verstoppt ginn, mee hir Wichtegkeet valoriséiert ginn.

E Jugendgemengerot ariichten

Fir datt och well Jonker kennen méi aktiv iwwert eis Stad matentscheeden an diskutéiere setze mir eis dofir an, datt souwuel e Jugendgemengerot wéi och Kannerréit an de Quartieren ageriicht ginn. Dëst erlaabt et dann och d‘Meenung vun der nächster Generatioun Stater ze kréien.

Reegelméisseg kommunal Referenden fir gréisser Projeten

Bei Projeten déi iwwer 5 Milliounen Euro am Extraordinär kaschten, wënsche mir eis reegelméisseg kommunal Referenden fir datt esou all Bierger ka matentscheeden ob dës Projeten wierklech sënnvoll sinn. Bei lokale Projeten sollt dëse Referendum natierlech op de Quartier dee betraff ass limitéiert sinn. Fir dëst net ze komplizéiert ze maachen, proposéiere mir dës Referenden eemol d‘Joer ronderëm d‘Ofstëmmung vum Budget am Gemengerot duerchzeféieren.

All Dokumenter an allen Amtssproochen

All Dokumenter déi d‘Gemeng zur Verfügung stellt sollen an allen Amtssproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch) a punktuell a weidere Sproochen disponibel sinn. Dëst erlaabt en méi einfachen Zougang zu den Dokumenter a Formulaire fir jiddereen a valoriséiert zousätzlech eis Landessprooch.

Besser Ënnerstëtzung vu Sportveräiner

D‘Stad Lëtzebuerg soll hire lokale Sportveräiner méi Ënnerstëtzung a Form vun engem Service de Support zur Verfügung stellen. Dëse Service kéint fir verschidde Sportveräiner zum Beispill en kollektive Sponsoring aushandelen oder awer administrativ Hëllefstellungen ronderëm d‘Gestioun vun engem Veräin offréieren. E bëssen esou wéi de Service d‘Economie Rurale.

Lokal `maison des associations` schafen

Fir lokal Veräiner z‘ënnerstëtzen sollt een hinnen net nëmmen Lagerplaz an engem Centre Culturel oder enger Sportshal offréieren mee Plazen wou si och kéinte Bureauen ënnerhalen an zum Beispill zu e puer vun engem CAE Employé profitéieren fir esou d‘Veräiner fit fir d‘Zukunft ze maachen a Benevoller vu Verwaltungstâchen z‘entlaaschten.

Eierenerklärung vun alle Gemengeréit iwwert hir Aktivitéiten

Wéi an der Chamber an am Europaparlament ass et an eisen Aen normal, datt gewielte Vertrieder hir Interessen verëffentlechen an de Wieler erklären wéi si hiert Geld verdéngen a wou si Aktien hunn. Dofir fuerdere mir datt all Gemengerot eng Eierenerklärung iwwert seng Aktivitéite soll ofginn.

Auerzäite vum Gemengerot esou leeën datt Participatioun méiglech ass

Aktuell ass de Gemengerot vun der Stad an der Woch zu Auerzäite wou déi meescht Leit schaffen. Do hëlleft dann och kee Livestream a keng Ëffentlechkeet wann duerch d‘Auerzäit et well onméiglech gëtt fir ouni Congé ze huelen de Gemengerot kennen ze suivéieren. Dofir fuerdere mir, datt d‘Auerzäite vum Gemengerot esou gewielt ginn, datt beruffstäteg Bierger och eng Chance hunn dorunner ze participéieren.

Ëffentlech Kommissiounssëtzungen

Déi gréng (aktuell am Schäfferot) hunn fréier gefuerdert fir Kommissiounssëtzungen an hir Rapporten ëffentlech ze maachen. Leider ass dat bis haut net geschitt obwuel et eng sënnvoll Mesure wier fir méi Participatioun z‘erméiglechen. D‘Piraten ënnerstëtzen dës Mesure a fuerderen hir Ëmsetzung.

4 Biergerstonne pro Joer pro Quartier

Fir datt de Schäfferot nach méi no bei de Bierger ass a méi séier gewuer gëtt wou de Schong dréckt, fuerdere mir, datt all Trimester an all Quartier eng Biergerstonn mat engem Member aus dem Schäfferot stattfënnt. Dëst géif et erlaben méi einfach seng Suergen un d‘Persoun ze bréngen amplaz mussen op de Knuedler an eng Biergerstonn ze goen wou een sech umelle muss.

Ausleiend Dossieren och digital publizéieren

Am Kader vu ville Prozeduren (PAG, PAP, Baugeneemegung, …) ginn Dossieren op der Gemeng ausgeluecht fir datt interesséiert Bierger se kënne kucke goen. Leider muss een sech dann engersäits während den Ëffnungszäiten dohinner beweegen an anerersäits sinn dës Dossiere meeschtens zimlech ëmfangräich. Dofir fuerdere mir, datt dës Dossieren och digital an ouni Ufro zur Verfügung gestallt ginn, sou datt méi Bierger eng Chance hunn dës Dossieren am Detail ze kucken.

E Gemengen-Informatiounsfräiheets-Akt

Mir fuerderen datt d‘Stad ähnlech wéi Hamburg en Informatiounsfräiheetsakt fir all kommunal Dokumenter beschléisst an et esou onofhängeg vun der Regierungspolitik erméiglecht fir Bierger, Journalisten an aner Interessenten Ufroen un d‘Gemeng ze stellen déi dann och musse beäntwert ginn. Dëst géif et erlaben datt och Persounen déi net am Gemengerot Froen un de Buergermeeschter stellen dierfen Accès zu offiziellen Informatioune géife kréien.

En ëffentleche Subsideregister

D‘Stad Lëtzebuerg verdeelt reegelméisseg Subsiden u Persounen, Veräiner, Associatiounen a Firmen. Aktuell ginn dës zwar alleguerten am analytesche Rapport verëffentlecht, mee et gëtt keng Datebank wou se all zentral ze fannen sinn. Fir datt jiddereen sech e Bild dovu ka maachen wéi eng Associatiounen mat senge Steiergelder ënnerstëtzt ginn, fuerdere mir e Subsideregister deen dës regroupéiert.

Eng richteg Bilanzéierung no European Public Sector Accounting Standards

Eis Stad benotzt an der ëffentlecher Kommunikatioun nach ëmmer e kamerale Budget a Bilan deen et dem Publique net erméiglecht op den éischte Bléck ze gesinn wéi vill Reserven nach do sinn a wéi ee Geld schonns engagéiert ass. Dofir fuerdere mir, datt nieft dem kamerale Budget och eng richteg Bilanzéierung no den „European Public Sector Accounting Standards“ verëffentlecht gëtt.

Bitcoins akzeptéieren

Als Finanzhaaptstad géif et der Stad guttdoen wann se och innovativ Bezuelmethoden géif akzeptéieren. Dozou gehéieren hautdesdaags och Bitcoins, Litecoins, Ethereum an all aner Kryptowährungen.

Erëm Här iwwert seng eege Netzwierker ginn

Lues a lues huet d‘Stad Lëtzebuerg hir Netzwierker privatiséiert. D‘Pirate sinn der Meenung datt och wann d‘Servicer op engem Reseau kënne privatiséiert ginn, d‘Infrastruktur soll an ëffentlecher Hand bleiwen. Aus dësem Grond fuerdere mir, datt d‘Stad Lëtzebuerg alles ënnerhëlt fir mëttelfristeg erëm Här iwwert hir eegen Netzwierker a Kabelen ze ginn, an de Service op dësen dann ausschreiwe kann fir esou de Bierger an de Genoss vu Konkurrenz um fräie Marché kommen ze loossen ouni d‘Qualitéit vun der Infrastruktur a Gefor ze bréngen.

Quartiersréit ariichten

Fir datt all Quartier sech selwer besser organiséiere kann, fuerdere mir, datt an all Quartier e Rot vu 5 Persounen, déi gewielt solle ginn, ageriicht gëtt fir esou d‘Belaanger vu sengem Quartier vis-à-vis vun der Gemeng ze representéieren. Dës Réit sollen net aktuell Syndikater ersetzen mee komplettéieren fir dësen méi Flexibilitéit an eventuell e méi direkten Uspriechpartner ze bidden.