3½ Punkte fir eis Stad

1. Eis Stad wunnens- a liewenswäert gestalten

Mir wëlle méi Wunnraum schafen deen een sech och leeschte kann, d‘Mobilitéit vereinfachen an d‘Liewen an de Quartieren erhalen a förderen.

2. Eis Stad fit fir d‘Zukunft maachen

D‘Welt dréint ëmmer méi séier an d‘Entwécklunge sinn net opzehalen. Mir setzen eis an fir eng Stad déi dem Titel Haaptstad gerecht gëtt an d‘Zukunft aktiv matgestalt.

3. Eis d‘Stad zeréckzehuelen

Dir sollt matentscheede kënnen wéini a wouhinner eis Stad wiisst, wéi eng Infrastrukture mir brauchen a wou de Schong dréckt. Mat enger méi transparenter Verwaltung kritt Dir méi Muecht.

3½ . Eng staark Stëmm fir eng nei Generatioun!

No engem hallwe Joerhonnert gi jidderengem déi nei Iddien aus. Dofir si mir d‘Stëmm vun enger neier Generatioun voller neier Iddien a bereet och bestoend Wäisheeten z‘hannerfroen.