Startsäit

Léif Stater Matbiergerinnen a -bierger,

Zanter bal engem hallwe Joerhonnert steet eis Stad ënnert der Leedung vun engem DP Buergermeeschter. Sécher, eis Stad huet en Wuesstem erlieft deen sengesgläichen sicht. Mee zu wéi engem Präis?

Eis Stad gouf eng europäesch Haaptstad während ëmmer méi Stater Kanner hu missten aus der Stad erausplënneren fir sech en Daach iwwert dem Kapp leeschten ze kënnen, eis kleng a mëttelstänneg Geschäfter verschwannen a gläich kann een eleng un Hand vun der Groussgaass net méi soen, ob een zu Saarbrécken, Tréier, Paräis oder Berlin ass.

Et ass un der Zäit fir eis Stad erëm liewenswäert ze gestalten, fir eis, eis Stad zeréckzehuelen a fir aus eiser Stad eng Stad fir jiddereen ze maachen.

Dëst ass Zil vu mir a menger Ekipp den 8. Oktober!

Mir trieden un fir eng fair. modern. transparent. Stad wou een sech et leeschte kann ze liewen, wou awer dat Liewen och liewenswäert ass. Mir wëlle keng septesch Stad wou näischt lass ass a schonns guer keng Stad wou een aus Angscht sech muss a senger Wunneng aspären. Mir trieden u fir eng Stad wou jiddereen sech wuel fillt a wou mir Stater erëm houfreg kënne soen: „Dat heiten ass meng Stad“.

Zanter datt d‘DP d‘Rudder an der Stad iwwerholl huet, huet sech eis Welt gewandelt, vum Bréif hin zur E-Mail bis haut zu den Instant Messenger. D‘Digitaliséierung huet eis mat esou enger Wucht getraff datt mir se net ignoréiere kënnen. Och net an der Gemeng. Leider goufen hei heefeg Schrëtt verpasst déi d‘Liewen besser géife gestalten. Den städtesche Wifi ass nach ëmmer net wierklech fräi an fir eng Parkplaz digital ze bezuelen muss een e Pabeier ausprinten an an d‘Fënster pechen. Och eis Poubelle ginn nach ëmmer analog ofgeholl. Fir eng digital Welt brauch et digital Mënschen a mir wëllen eis Expertise an den Déngscht vun all Stater stellen.

Och waarde mir haut nach ëmmer op eng Léisung fir de Verkéiersproblem an der Stad. Hei proposéiere mir eng Visioun fir Vëlosfuerer besser ze schützen – mat getrennte Vëlosweeër respektiv Pylone fir se vun der Strooss ze trennen – a mëttel- a laangfristeg ëmmer méi Individualverkéier aus dem Stadkär an aus de Wunnquartieren eraus ze halen. Heifir setze mir op méi Foussgängerzonen, Camionettesparkingen an innovativ Liwwerdéngschter amplaz vun deiere Parkplazen.

Eis Visioun ass eng Stad déi d‘Zukunft net verpasst oder hir hannen dru leeft, mee déi hir Zukunft aktiv gestalt an hir Geschicht net vergësst.

Mir hu vill konkret Iddien fir eis Stad besser ze gestalten, dofir géif ech mech freeën wann Dir eis den 8. Oktober géift d‘Chance ginn fir eis Stad mat ze gestalten.

Natierlech sti mir Iech och Ried an Äntwert, op eisen Infostänn an op eise Quartierstier! Mir freeën eis mat Iech iwwert eis Visioun vun der Stad ze schwätzen an är Iddien dozou ze héieren!